Nei Horizonter
Mir hun säit kuerzem e neie Member am Powerblech, an deen huet et a sech. Mam Joy, enger jonker an talentéierter Sängerin, as et eis méiglech Blosmusék mat Gesang ze verbannen. Dëst ass eng enorm Beräicherung fir eis Musék an eis Optrëtter. Hoffen dass mir déi Dynamik déi domat agezunn ass kënnen bäibehallen.
Nei Look
De Powerblech spendéiert sech e neie Look!!
No laange Joeren mat der selwechter Uniforme, hu mir eis endlech fir e neie Look entscheet. Eise neie Schrëftzuch ass ab elo op allem ze gesin waat mam Powerblech ze din huet. Zousetlech hu mir eis e neie Slogan iwwerlecht, deen besser bei eis passt. No laangem Brainstorming hu mir gemengt "Bis d'Bake baschten!!!" géif ganz einfach bei eis passen.
